
An der Stad ass um 19h denowend di 10. Editioun vum ING Night Marathon. 11.000 Leefer ginn un den Depart. Wéi ee bei der Gemeng betount, bleiwen awer all d’Quartieren an der Stad awer accessibel. Just déi Stroossen wou d’Course doduerch fiert, gi gespaart.
Et ass allerdéngs d’Recommandatioun, de Park &Ride oder eng vun de gratis Navetten ze benotzen. Déi fueren bis muer de Moien 3h am 10-Minutten-Takt.
Wéi schonn déi lescht Joeren ass Eldoradio de ganzen Dag live op der Plëss mat aktuelle Marathon-News, Traffik-Infoen an Interviewen.
Méi Informatioune fannt der och hei: Detailléierte Plang