
© AFP
No der neier EU-Direktiv dierfen Handy-Operateuren hire Clientë bei Reese bannen der EU zousätzlech zu den nationalen Tariffen nëmmen nach kleng Cent-Beträg fir all Uruff ,SMS oder Download bäirechnen.
Dat soll de leschte Schrëtt si bis jo am Summer 2017 d'Roaming-Käschte komplett wäerten ofgeschaf ginn.
Vun e Samschden un dierfen d'Operateuren nëmmen nach maximal 6 Cent pro Minutt fir Uriff, 2 Cent pro SMS a 6 Cent pro Megabyte bei de Roaming-Käschte froen.