
© Police
Den 5. Februar goufen am Nomëtten an engem Geschäft bei der Gemeng zu Esch zwou Frae vun enger Videokamera dobäi gefilmt wéi se enger Fra d'Posch geklaut haten.
D'Fraen haten d'Posch aus dem ënneschte Fach vun enger Poussette geklaut.
Op Uerder vum Parquet versicht d'Police soumat d'Identitéit vun den Onéierlechen z'ermëttlen an ass dobäi op all Hëllef ugewisen.
All Informatioun an dësem Kader ass fir de 4997-5500 oder den 113.