RodangeMann gëtt mat 100 Gramm Marihuana erwëscht

Bei enger Kontroll op der Gare zu Rodange haten d'Drogenhënn bei engem Mann Alarm geschloen. De Mann hat 100 Gramm Marihuana bei sech.

Leschten Update: 28.04.2016, 18:24:40

© AFP

Bei enger Policekontroll zu Rodange op der Gare hunn d'Polizisten e Mann erwëscht wéi en 100 gramm Marihuana bei sech hat.

Bei enger Perqusitioun am Mann sengem Domizil goufen donieft nach weider 200 Gramm Marihuana fonnt.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an dem Untersuchungriichter virgefouert.