DammebasketSteesel ass éischte Finalist

D'Amicale spillt net just bei den Hären, mä och bei den Dammen dës Saison ëm den Titel...

Leschten Update: 29.04.2016, 04:49:25

© afp

D'Amicale Steesel steet net just bei den Hären, mä och bei den Dammen an der Finall vum Basket-Championnat.

D'Dammen hu sech um Donneschdeg mat 84 op 56 bei der Etzella behaapt, an hunn béid Halleffinallen domadder gewonnen.

Esch a Contern spillen no der Victoire um Donneschdeg vun Esch mat 72 op 53, e Sonndeg en drëtten Entscheedungsmatch.

Bei den Hären huet sech Steesel iwwerdeems decidéiert déi éischt Finall-Partie an eegener Hal ze spillen. Déi zweet ass domadder bei de Musel Pikes, an e méiglechen drëtte Match wier dann nees zu Steesel. Déi éischt Partie ass e Mëttwoch den Owend.