
Accident e Freide Mëtten um 20 op 2 op der Streck tëscht Branebuerg a Weller. Eng Automobilistin hat d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an war op der Landstrooss ofkomm an en 20 meter déiwe Rampli erofgefuer. Den Auto koum eréischt duerch eng Kollisioun mat engem Bam zum stoen.
D'Fra hat vill Gléck well se nëmme mat ganz liichte Blessuren an engem Schreck dovu koum.
D'Streck war eng Zäit gespaart ass awer no 4 Auer rëm op gewiescht.