SuperjhempDe Superheld kënnt an eis Kinoen!

Den Texter vum Superjhemp Lucien Czuga huet op Facebook matgedeelt dat e Film ronderëm de Lëtzebuerger Superheld an eis Kinoe kënnt.

Leschten Update: 29.04.2016, 18:33:29

© magazin.16vor.de

Nodeems d'Marvel Cinematic Universe (MCU) an DC Comics hir Helden op déi grouss Leinwand bruet hunn an eng Zort Hype ausgeléist hunn ass et lo um Superjhemp säin Debut am Kino ze feieren.

Op senger Facebook-Säit huet den Texter vum Superjhemp de Lucien Czuga matgedeelt dat een sech op en Film ronderëm de Superheld wäert kënne freeën. 2,6 Milliounen Euro krut hien heifir vum Filmfond accordéiert. Wéini genee de Film eraus kënnt ass dogéint na net gewosst.