Tour de RomandieBob Jungels gëtt 3. am Zäitfueren

Éischten gouf den Thibaut Pinot, suivéiert vum Tom Dumoulin.

Leschten Update: 29.04.2016, 19:28:02

© AFP

Am Tour de Romandie, enger Etappecourse duerch de franséischsproochege Weste vun der Schwäiz, huet de Bob Jungels et haut  op di drëtte Plaz am Zäitfuere gepackt. Éischte gouf den Thibaut Pinot mat 9 Sekonne Virsprong op de Lëtzebuerger an den Tom Dumoulin huet et op di zweete Plaz gepackt.  

Am Generalklassement ass de Bob Jungels awer just op der 62. Plaz. Éischten ass hei de Kolumbianer Nairo Quintana, zweeten de Fransous Thibaut Pinot an op der 3. de Russ Ilnur Zakarin.

De Weekend sollen déi 2 lescht Etappe gefuer ginn.