
© AFP
Bei Masseprotester géint Entloossungen an d'Inflatioun a Argentinie sinn Honnertdausende Mënsche gëschter Owend zu Buenos Aires op d'Stroosse gaangen. 350.000 Mënsche sollen Deel geholl hunn. D'Gewerkschaft CTA schätzt dat zanter dem Amt vum President Mauritio Macri 68.000 Plaze verluer goufen. D'Regierung erklärt dogéint dat een sech stabil gehalen hätt trotz der Entloossung vun 11.000 Staatsbeamten.
D'Oppositioun huet matgedeelt dat ee wéilt e Gesetz am Parlament duerchsetze wat bei enger Entloossung 180 Deeg laang eng duebel Entschiedegung fir den Employé virgesäit. Sollt d'Gesetz am Parlament ugeholl gi wéilt d'Regierung säi Veto anzesetzen.
Sollt et dozou kommen hunn d'Gewerkschafte gedréit zu engem Generalstreik opzeruffen.