
© AFP
Am Venezuela hu méi wei 1,5 Millioune Mënschen eng Petitioun ënnerschriwwen déi virgesäit dat de President Nicolas Maduro ofgewielt gëtt. De Grond; d'Land leit ënnert enger schwéierer Wirtschaftskris. Argentinien huet déi gréissten Uelegreserven a steet no 16 Joer sozialistescher Regierung virum Bankrott an ass donieft vun enger schwéierer Energiekris geprägt. Am Land herrscht déi héchsten Inflatioun weltwäit.
Alleng fir Stroum ze spueren gëtt e Sonnden d'Auer eng hallef Stonn no vir gestallt an de Stroum gëtt all Dag vir 4 Stonnen ofgeschalt. Leit aus dem ëffentlechen Déngscht kennen just 2 mol d'Woch schaffe goen an d'Schoule bleiwe Freides zou.