
© AFP
Um 5.Parteidag vun der AfD zu Stuttgart sinn haut d‘Memberen zesumme komm fir de Parteiprogramm z'erstellen. Dorënner wëll een Theme wéi d'Ausgrenzung vum Islam an Däitschland, d'Stäerkung vum traditionelle Familljebild an och den Euro-Austrëtt integréieren.
Vill wäert gëtt op d'Sécherheet geluet. Eng 1000 Beamte sinn op der Plaz virum Gebai am Asaz fir géint Demonstrante virzegoen. Um kuerz virun 9 Auer hat een d'Nouvelle kritt dat schonn 900 Demonstrante virum Parteidag géinge protestéieren, honnerte kruten sech och mat de Polizisten an d'Hoer woubäi och Tréinegas agesat gouf.