
© AFP
Explosioun op enger schiitescher Pilgerstrooss am Irak. Eng Autosbomm ass hei net wäit ewech vu Bagdad explodéiert an huet 14 Mënschen ëmbruecht a 25 verwonnt.
D'Djihadistemiliz Islamesche Stat huet d'Attack na net revendiquéiert, ass awer an der Regioun staark präsent a kontrolléiert ëmmer nach grouss Deeler am Norden an am Weste vu Bagdad.
All Joer benotze Millioune pilger aus dem Irak an dem Iran dës Route fir op dat hellegt Graf vum Moussa al-Kazim ze kommen.
Fir d lescht gouf d'Pilgerstrooss 2015 attackéiert. Deemools waren 13 Mënschen ëm d'Liewe komm.