StadAn d'Fassade gerannt an e Lutepotto matgeholl

Bei engem Accident e Samschde Mueren an der Stad gouf e Mann schwéier blesséiert wéi hien d'Kontroll iwwert säin Auto verluer hat.

Leschten Update: 30.04.2016, 11:56:36

© RTL

Uergen Accident e Samschde géint 10 Auer an der Escher Strooss an der Stad. En Automobilist huet hei op der Héicht vun der Kräizung mat der Jean-Jaurès Strooss d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war dunn an eng Fassade vun engem Café an an e Lutepotto gerannt.

Den Automobilist gouf dobäi schwéier blesséiert a koum direkt an d'Spidol. De mann huet misse vun de Pompjeeën aus dem Auto erausgeschnidde ginn.

D'Strooss ass gespaart. Op der Plaz sinn den Ament de Miess- an Erkennungsdéngscht.

© RTL

© RTL