Mee-DemonstratiounenAn e puer Stied an Däitschland goufen et Gewaltausbréch

Berlin, Bochum, Plauen, Erfurt... iwwerall sinn rietsextrem a lénk Lageren während den traditionellen Mee-Demonstratiounen uneneegeroden.

Leschten Update: 02.05.2016, 05:40:33

© afp

Bei de Mee-Demonstratiounen ass et an Däitschland zu enger ganzer Partie Ausernanersetzungen tëscht Demonstranten an der Police komm. Zu Berlin zum Beispill goufen d’Beamten mat Steng a Fläschen beschmass.

Eng ganz Partie Leit goufen blesséiert a festgeholl. Zu Hamburg huet d’Police missten Waasserwerfer asetzen an d’Maniffen stoppen.

Ähnlech ass et zu Erfurt, Plauen a Bochum hiergaangen. Ëmmer rëm sinn Memberen vun rietsen a lénken Lageren uneneegeroden.