
© afp
Aus Protest géint d’Spuerpolitik vun der Regierung ass a Griicheland haut a muer e Generalstreik geplangt. De gewerkschaftleche Protest riicht sech an der Haaptsaach géint d’Pensiounsreform an déi geplangten Erhéijung vun der Akommessteier.
D’Parlament wäert de Weekend iwwert eng Pensiouns-a Steierreform ofstëmmen. Dës Reformen sinn jo op Drock vun den internationalen Creancieren initiéiert ginn.