
© Eldoradio
Dann huet et och op der A4 gerabbelt, dat géint kuerz virun 9 de Mueren. Aus bis elo ongekläerte Grënn ass hei en Auto op der Héicht vun der Sortie Féiz accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.
An géint Véierel fir 5 de Mëtteg ass en Automobilist zu Angelduerf an der Ettelbrécker Strooss accidentéiert, ganzer 3 Persounen goufen beim Virfall liicht blesséiert.