FlüchtlingskrisGréng Luucht fir Verlängerung vu Grenzkontrollen

D'Vertrieder vun den 28 EU-Memberstaten hunn zu Berlin de Virschlag vun der EU-Komissioun, d'Grenzkontrolle vu 5 Länner ze verlängere, accordéiert.

Leschten Update: 11.05.2016, 19:32:03

© ARIS MESSINIS / AFP

D'Vertrieder vun den 28 EU-Memberstaten hunn zu Berlin de Virschlag vun der EU-Komissioun, d'Grenzkontrolle vu 5 Länner ze verlängere, accordéiert.

Nottament an Dänemark, Éisträich, Schweden an och an dem Net-EU Land Norwegen.

D'Kontrolle solle cibléiert a begrenzt an hirer Ausdehnung ëmgesat ginn an dierfte just op dat onbedéngt Erfuerderlecht reduzéiert ginn.

All 2 Méint missten d'Staaten d'Komissioun iwwert den Zoustand informéieren.

D’Decisioun muss lo nach en Donneschden duerch den EU-Ministerrot goen an däerf och a sengem Status als A-Punkt net méi verännert ginn.

D'lescht Joer hat Däitschland jo den 13. September als éischt Land Kontrollen un senge Grenzen agefouert, den Accord gesäit jo un sech vir keng Kontrolle bannent der EU duerchzeféieren a stäipt sech um Prinzip vun der fräier Circulatioun. D'EU Komissioun well des Mesure nach eemol duerchgoe loossen.