
© FRANCK FIFE / AFP
De schwedesche Footballstar Zlatan Ibrahimovic huet e Freide via Twitter säin Depart beim Paräiser Club Paris St. Germain annoncéiert, säin Kontrakt leeft jo Enn der Saison of.
"Ech sinn als Kinnek komm a ginn als Legend" hat de 34 järege Schwed um Site geschriwwen.
Ween säin Nofolger gëtt, ass nach net gewosst, den Ament solle jo de Ronaldo oder den Neymar, wéi och de Fransous Antoine Griezmann vum Atletico Madrid am Gespréich sinn.
Donieft huet den Ibrahimovic och matgedeelt dat hien no senger Carrière als Spiller am Management vum PSG wäert aktiv ginn.
My last game tomorrow at Parc des Princes. I came like a king, left like a legend pic.twitter.com/OpLL3wzKh0
— Zlatan Ibrahimović (@Ibra_official) 13. Mai 2016