Géint kuerz virun 3 Auer um Sonndeg den Mueren goufen zwee Männer zu Rëmeleng an hirem Auto bei enger Tankstell vun de Beamten ugetraff. Si haten kuerz virdrun d'Ambulanz bestallt, well d'Wierkung vun den mat Cannabis gefëllten Kichelcher déi zwee wuel e wéineg iwwerrascht hat.
De Chauffeur hätt sech laut dem Police-Bulletin iwwerginn an stoung ënnert staarkem Drogenafloss.
Dem Bäifuerer säin Häerz huet iwwerdeems méi séier wéi soss geschloen. De Chauffeur gouf am Spidol dann engem Urin- an Blutttest ënnerzunn.