
© JACK GUEZ / AFP
Israelesch Hobbysportler hunn beim Dauchen am Hafe vun der antiker Stad Caesarea un der Mëttelmierküst eng aussergewéinlech Decouverte gemaach.
An zwar sinn d'Daucher op bronze Statuten a dausende vu Mënz aus der spéitréimescher Era gestouss. Et soll sech dobäi em de Schatz vun engem virun 1600 Joere versonkene Handelsschëff handelen.
De Wäert vum Fond soll elo ermëttelt ginn.
Et soll déi gréissten Découverte zanter 30 Joer sinn.