FloridaMam Hai um Aarm an d'Spidol

Eng Fra gouf a Florida vun engem Hai ugegraff, d'Deier hat sech um Aarm vun der Fra festgebass. Si koum mam Deier an d'Spidol.

Leschten Update: 17.05.2016, 05:25:50

© PHILIPPE LOPEZ / AFP

Eng 23 Joer al Fra koum op enger Plage am US-Bundesstaat Florida no engem Ugrëff vun engem Ammenhai an d’Spidol.

Den Ammenhai ass u sech kee geféierlecht Deieren ausser wann een en zeckt.

Dat soll d’Fra engem Expert no och gemaach hunn an sou huet sech de ronn 60 cm laangen Hai un hirem Ënneraarm festgebass. Wierklech geschitt ass hier awer näischt si war just zimlech opgereegt wéi den Hai net wollt lassloossen. Soumat koum d'Fra mam ganze Fësch um Aarm an d’Spidol.

De klengen Hai huet net iwwerlieft.

Dem Online-Site "mashable" no, koumen 2015 ronn 8 Mënsche bei Hai-Ugrëffer ëm d'Liewen. Am Verglach dozou stierwe méi Leit beim Versuch e Selfie ze schéissen. Do loung d'Unzuel 2015 bei 12 Mënschen.