
© AFP REMY GABALDA
Tragescht Helikopter-Accident am Süden vu Frankräich, méi genee zu Cauterets. 4 Mënschen sollen während enger Übung an de Bierger mat engem Helikopter vun der Gendarmerie vun Tarbes erofgefall sinn.
Den Pilot, de Co-Pilot, sou wéi 2 Secouristen sinn ëm d’Liewen komm. Wéi et heescht, hätt d’Maschinn eng Fiels-Mauer touchéiert an wier doropshin erofgefall.