
© STEPHANE DE SAKUTIN / AFP
Éischter wéineg Konkretes gouf et um Freideg an der Ofschlosserklärung vun de G7-Staaten nom Sommet a Japan. Et well een eng global Flüchtlingshëllef, manner Terror a méi wirtschaftlechen Wuesstem. Bei engem Punkt ass et dann dach mi konkret ginn, nämlech beim Konflikt tëscht Russland an der Ostukrain.
En Ophiewen vun de Sanktiounen géint Russland wäerten nëmmen dann geschéien, wann d’Ofkommes vu Minsk géif agehalen respektiv erfëllt ginn.