ZeienopruffWien kennt dës Fra?

D'Fra gouf dobäi gefilmt wéi Si e puer Beautyproduiten an enger Apdikt matgoe gelooss hat.

Leschten Update: 27.05.2016, 14:13:21

© eldoradio

Wéi d'Police mellt gëtt den Ament no dëser Fra gesicht. Si soll e puer Kosmetikproduiten aus enger Apdikt an der Stad geklaut hunn.

Dat ganzt soll den 4. Abrëll geschitt sinn.

Ween eppes gesinn huet soll sech bei der Police am Garer Quartier ënnert dem 2442-9500 oder dem 113 mellen.

© Police