Elleng - FëlschdrefMann rennt mam Auto an e Bam a verongléckt déidlech

De Chauffeur hat d'Kontroll iwwert säin Auto verluer a war vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. De Mann huet den Accident net iwwerlieft.

Leschten Update: 28.05.2016, 10:32:45

© SP PGD

Accident gëschter Owend géint 22h00 op der Streck tëscht Elleng a Fëlschdref.

En Automobilist hat hei d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war mat der Fuerersäit an e Bam gerannt.

Den 31-järege war op der Plaz Plaz leie bliwwen.

Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter an de Miess- an Erkennungsdéngscht vu Munneref, Schengen a Réimech, d'Police vu Réimech, wéi och de SAMU.

© SP PGD