MexikoEl Chapo refuséiert seng Ausliwwerung un d'USA

Den Drogeboss "El Chapo" huet sech géint d'Uerteel ausgeschwat wat eng Ausliwwerung vum Mexikaner un US Autoritéite virgesäit.

Leschten Update: 28.05.2016, 10:04:44

© HO / AFP

De mexikaneschen Drogeboss Joaquín Guzmán besser bekannt ënnert dem Numm "El Chapo" huet Recours géint d’Decisioun vun der mexikanescher Regierung ageluecht fir hien un d’USA auszeliwweren.

Dem El Chapo gëtt hei jo ënnert anerem Mord, Drogenhandel an Entféierung virgehäit.

Den US-Ausseministère hat virun enger Woch matgedeelt dat d'Ausliwwerung ënnert der Konditioun stattfënnt dat den Guzman wéinst senger Doten keng Doudesstrof verhaange kritt.

D’Regierung huet 2 Deeg Zäit fir heirop z’äntweren.