GriichelandNet wäit ewech vun Idomeni entsteet e weidert Zeltlager

Nëmmen e puer Kilometer vun Idomeni ewech soll schonn erëm e neit provisorescht Zeltlager entstoen.

Leschten Update: 28.05.2016, 10:20:32

© YANNIS KOLESIDIS / POOL / AFP

Just e puer Deeg nodeems dat provisorescht Zeltlager fir Flüchtlingen zu Idomeni geraumt gouf sollen sech Athener Zeitungen no, d’Flüchtlingen nëmmen e puer Kilometer wieder an enger Iwwergansënnerkonften nidderloossen.

Si wéilten och net méi a Militärkaseren oder verloossenen Industriegebaier ënnerkommen, mä léiwer am fräie liewen.

D’Flüchtlingen a Migranten hate jo bis viru kuerzem nach zu Idomeni drop gehofft dat d’Grenz fir a Mazedonien géing op bleiwen. Dowéinst wéilt een och weiderhin a Proximitéit vun der Grenz den Ament waarden.

Ee Problem gëtt et dann awer scho well di nei staatlech Opfaangstrukture leien nämlech méi am Zentrum vum Land a sinn de Awunner no a ganz schlechten Zoustänn.