
© EMMANUEL DUNAND / AFP
E klenge Fliger ass um Freiden Owend während engem Testfluch ofgestierzt an am Hudson River gelant. De Pilot huet net iwwerlieft.
E klenge Fliger aus dem 2.Weltkrich ass gëschter Owend zu New York an den Hudson River gestierzt.
De Fliger vum Typ P-47 Thunderbolt sollt de Weekend un enger Fligershow vum American Airpower Museum Deel huelen.
Der Zeitung "New York Post" no, soll d’Technik versot hunn an sou wier de Fliger dann net wäit ewech vun der George Washington Bréck an d'Waasser gestierzt.
De 56 järege Pilot huet den Accident net iwwerlieft. Seng Läich konnt och eréischt no enger Sichaktioun vun Taucher 3 Stonnen drop gebuerge ginn.