Éiter1 schwéier Blesséierte bei Kollisioun tëscht Auto a Vëlo

D'Automobilistin war bei enger grénger Luucht ofgebéit an hat de Cyclist dobäi ze pake kritt. De Mann koum schwéier verwonnt an d'Spidol.

Leschten Update: 06.06.2016, 16:53:56

© eldoradio

Accident e Méinde Muere géint 9:45 bei der rouder Luucht an der Rue de Moutfort zu Éiter.

E Vëlosfuerer war hei vun enger Automobilistin ugestouss ginn wéi si bei gréng wollt ofbéien.

De Coureur koum mat senge schwéiere Blessuren an d Spidol.