BréisselEnquêteuren hunn eng weider Terroristenënnerkonft entdeckt

Op e neits hat een zu Bréissel eng verloosse Wunneng entdeckt déi wahrscheinlech Terroristen hebergéiert hat, dat an der Gemeng Jette.

Leschten Update: 08.06.2016, 00:51:01

© PHILIPPE HUGUEN / AFP

Wéi de belschen Noriichtesender RTBF mellt solle belsch Enquêteuren eng weider Ënnerkonft vun Terroristen zu Bréissel an der Gemeng "Jette" entdeckt hunn, dat den 22. Mäerz also den Dag vun den Attentater zu Bréissel.

Hannert dem Numm vum Locataire Algerto Malonzo soll den Autoritéiten no de Mohammed Bakkali gewiescht sinn, engem Mann deen der "police anti-terroriste" schonn bekannt war.

Wéi en Noper aus dem Gebai preziséiert soll de Bakkali och net aléng an der Wunneng gelieft hunn mä och den Najim Laachraoui, ee vun de Kamikazenattentäter vum Fluchhafen Zaventem, soll hei eng gewëssen Zäit hei verbruecht hunn. Och vun engem drëtte Suspekte geet riets.

D'Wunneng soll zanter dem Januar 2016 eidel stoen an d'lescht Joer am September ënnert falschem Numm verlount gi sinn.