Rock am RingD'Organisateuren soe Merci an entschëllegen sech

80 Leit goufen jo um Festival Rock am Ring vum Blëtz getraff. Eng Persoun gouf dobäi ganz besonnesch schwéier blesséiert.

Leschten Update: 30.06.2016, 10:17:06

© THOMAS FREY / DPA / AFP

D'Organisateure vum Rock am Ring hunn an engem Facebook-Post de Rettungsdéngschter Merci gesot an sech och fir de Virfall bei de Visiteuren entschëllegt. Trotz allem wier een hei enger méi héijer Gewalt ausgesat gewiescht déi een net kontrolléiere kéint. dat de Festival ofgesot gouf bedauert een zu Déifst.

D'Matgefill vun den Organisateure geet u jiddereen dee beim Festival zu Schued koum a besonnesch un dee jonke Mann deen den Ament mat schwéiere Blessuren am Spidol läit. Et preziséiert een an Zuelen och dat bei dësem Festival manner oft huet misse medezinesch agegraff ginn an sou koum et zu 4.900 Hëllefsleeschtunge sur place, wat der hallef sou vill wei déi lescht Jore waren, do lung d'Zuel Duerchschnëtt bei 10.000 Virfäll.

No enger fairer Léisung fir all di Bedeelegt wier een och schonn um sichen.