
© FEDERAL POLICE / BELGA / AFP
Di belsch Justiz huet der Ausliwwerung vum Mohamed Abrini u Frankräich zougestëmmt. Dat well den Abrini an d’Attacke vu Paräis den 13. November soll verwéckelt sinn.
Mat der Ausliwwerung misst een awer nach waarde well d'Ermëttlungen an der Belsch na net ofgeschloss wieren.
Den Abrini soll net nëmmen zu Paräis mee och zu Bréissel bei den Attentater den 22. Mäerz dobäi gewiescht sinn. Et geet een dovun aus dat et sech bei him em de "Mann mat Hutt" vum Fluchhafen Zaventem handele kéint. Virun allem well den Abrini zouginn hat de gesichte Mann ze sinn.
Hien gouf den 9. Abrëll verhaft. Donieft soll och en 2. presuméierten Attentäter ausgeliwwert ginn. Bei him kéint d’Ausliwwerung awer méi séier iwwert den Dësch lafen.
Bei den Attacken zu Paräis koumen 130 Mënschen ëm d'Liewen. Bei deenen zu Bréissel um Fluchhafen Zaventem an enger Metrosstatioun waren 32 Leit gestuerwen.