
© eldoradio
Wann e Sonndeg Wahlen wieren, wéi eng Partei géif dier Wielen? Dës Kéier huet de Süden déi sougenannten Sonndesfro vun TNS-Ilres am Optrag vum Tageblatt gestallt kritt an och hei muss d’Regierung astiechen, och wann den negativ-Trend mam Süden konnt gebremst ginn.
D’LSAP géif op 21% an mat 2 Sëtz manner op nëmmen nach 5 Sëtz kommen.
D’DP verléiert mat 8,3% 1 Sëtz an kënnt op 2 Mandater.
An déi Gréng géifen d’DP mat 10,2% iwwerhuelen an bei hiren 2 Sëtzer bleiwen.
D’CSV kann ee Sëtz bäileeën a kréich mat 36% ganzer 9 Sëtz.
Déi Lénk kommen op 2 Sëtz mat 7,6% an d’ADR op souguer 3 mat 10,9% vun de Stëmmen an wier dann 3. Stäerkste Partei am Süden. Déi Lénk an d’ADR géifen also alle béid 1 Sëtz bäikréien.