PoliceBannen 1 Stonn 2 Permis'en fort zu Stroossen

An der Nuecht vun e Freiden op e Samschden haten d'Beamten Kontrollen duerchgefouert. Zu Stroossen waren bannen 1 Stonn 2 Leit hire Permis lass.

Leschten Update: 13.06.2016, 15:45:11

© eldoradio

Wéi d’Police matdeelt koum et an der Nuecht vun e Freiden op e Samschden zu enger Rei Alkoholkontrollen op eise Stroossen. Dat tëscht hallwer 11 bis hallwer 12 zu Stroossen wou 46 Automobilisten kontrolléiert goufen.  An 3 Fäll war den Test positiv ausgefall. 2 Persounen musse sech viru Geriicht veräntwerten a kruten nach op der Plaz hire Führerschäin ofgeholl. 1 Persoun krut en Avertissement taxé.

Och zu Koplescht gouf kontrolléiert. Dat vun hallwer 1 bis hallwer 2 an der Nuecht. Een Chauffeur hat hei ze déif an d’Glas gekuckt a krut och en Avertissement taxé.

Zu Kapellen hat eng Automobilistin d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an war frontal an d’Säit vun engem geparkten Auto gerannt. D’Fra gouf heibäi verwonnt a koum direkt an d'Spidol. Si hat och ze vill gedronk.

Um 04h15 haten d’Beamten 2 Persounen zu Äischen bei enger Sieste am Auto erwescht. Ee vu béiden hat sech nieft dem Auto iwwerginn, well en ze déif an d'Glas gekuckt hat.

Zu Nidderkäerjeng an der Avenue de Luxembourg gouf géint 18h00 och eng Fra erwëscht wéi se alkoholiséiert hannert dem Steier ageschlof war.

A géint 20h30 haten d’Polizisten zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss e Mann ugetraff dee mat sengem Gefier an e stationéierten Auto gerannt war. De Mann hat och ze vill gedronk an hat awer schonn e Fuerverbuet. Aus dësem Grond gouf den Auto saiséiert.