ATP S'HertogenboschMulles an der Finall

Hien klappt um Samschdeg den Ivo Karlovic an 2 Sätz 7-6 a 7-6 an ass soumat an der Finall vum Turnéier.

Leschten Update: 13.06.2016, 15:45:21

© RTL/AFP

Um ATP Tennis-Tournoi zu S’Hertogenbosch an Holland huet de Gilles Muller et an d’Finall gepackt. Hien klappt um Samschdeg de Kroat Ivo Karlovic 2 mol 7-6 an 7-6 an 2 Sätz an der Halleffinall. 

De Karlovic ass d'Nummer 28 op der Weltranglëscht a ganzer 16 Plaze besser klasséiert wéi d'Lëtzebuerger Nummer 1.

An der Finall trëfft hien um Sonndeg op de Fransous Nicolas Mahut.

D'Partie kënnt der LIVE bei eise Kollegen vun RTL Telé suivéieren.