Police3 Persounen an der Arrestzell ausgeniichtert

Dat zu Esch an 2 mol an der Stad. Eng Fra wollt ënnert dem Afloss vum Alkohol souguer d'Poliziste bäissen.

Leschten Update: 11.06.2016, 18:47:01

© eldoradio

An der Arrestzell duerften e puer Persoune gëschter hire Räusch ausschlofen. Dat zu Esch wou eng voll Fra aggressiv gi war an an engem Café randaléiert hat. Well se donieft nach versicht hat d'Beamten ze bäisse koum se mat op de Büro.

Eng aner Fra duerft d'Nuecht um Policebüro verbréngen dat nodeems se an der Stad op der Kräizung tëscht der Avenue du X Septembre an der Avenue Guillaume hin an hier gelaf war a soumat eng Gefor fir sech an de Stroosseverkéier duergestallt hat.

Och en Mann an der Rue des Bains an der Stad huet d'Nuecht am Arrest verbruecht, well hien sech staark alkoholiséiert mat enger anerer Persoun an d'Hoer krut.