112Auto rennt an e Bam, 1 uerg an 2 liicht Blesséierter

Wéi den 112 mellt huet et e Samschden och 3 mol op eise Stroossen geknuppt.

Leschten Update: 13.06.2016, 15:45:14

© eldoradio

Dat géint 14h09 zu Péiteng an der Rue du Chemin de Fer wou 2 Gefierer matenee kollidéiert waren. Knapp eng Stonn drop war en Motosfuerer mat senger Maschinn ëmgefall. Dat op der Streck tëscht Schléif an Déierbech. Bei béiden Accidenter gouf ëmmer eng Persoun liicht blesséiert.

Zu engem méi uergen Accident koum et um 16h48 tëscht Bus a Réimech. Hei war en Chauffeur mat sengem Gefier an e Bam gerannt. 1 Persoun gouf dobäi schwéier verwonnt, déi aner am Auto koume mat liichte Blessuren dovun.