EURO 2016Island iwwerrascht Portugal

Portugal ass um Dënschdeg net iwwert en 1-1 géint de Fussball-Zwerg Island erauskomm... Parallel klappt Ungarn iwwerraschend Éisterräich...

Leschten Update: 15.06.2016, 18:16:58

© afp

5ften Dag um Dënschdeg op der Fussball EM a Frankräich.

Am Grupp E gouf et nawell zwou Iwwerraschungen.
Éisterräich verléiert nämlech däitlech mat 0-2 géint Ungarn, an Portugal koum géint de Fussball-Zwerg Island net iwwert en 1-1 eraus.

Um Mëttwoch si nees 3 Partien.
Um 15h00 spillt Russland géint d'Slowakei. Um 18h00 kritt et Rumänien mat der Schwäiz ze dinn, an um 21h00 ass et d'Partie Frankräich - Albanien.

D'Spiller vun Ungarn feieren nom 1-0 mat hire Fans© afp