Queens ClubMuller steet am 2ten Tour

Et gëllt als déi beschte Preparatioun op Wimbledon - den Tournoi vu Queens. De Mulles steet am 2ten Tour!

Leschten Update: 15.06.2016, 13:06:29

© rtl pressphoto

Um ATP-Tennis-Tournoi vu Queens an England steet de Gilles Muller am zweeten Tour vum Haapttableau. Och deen Tournoi gëtt jo op Gras gespillt.

D’Lëtzebuerger Nummer 1 huet gëschter den Britt James Ward mat zwee mol 6-4 eliminéiert.

Am 2ten Tour kritt hien et elo entweder mam Amerikaner John Isner ze dinn, oder dem Argentinier Juan Martin del Potro. Dee Match gëtt um Mëttwoch eréischt gespillt.

De 27te Juni fänkt mat Wimbledon dann den drëtten Grand Slam Tournoi vum Joer un.

Links