EURO 2016Frankräich steet an der Aachtelsfinale

No enger spéider Victoire géint Albanien steet Frankräich als éischt Equipe an den Aachtelsfinallen...

Leschten Update: 16.06.2016, 17:24:41

© afp

Op der Fussball EM steet Frankräich als éischt Equipe an den Aachtelsfinallen.

Um Mëttwochowend huet d'Equipe tricolore sech mat zwee spéide Goler 2-0 géint Albanien duerchgesat.
Virdrun hat am selwechte Grupp Rumänien mat der Schwäiz 1-1 gedeelt.

Um Donneschdeg si nees 3 Partien.
Um 15h00 kënnt et zum briteschen Duell tëscht Wales an England. Um 18h00 spillt d'Ukrain géint Nordirland, an um 21h00 kritt et Däitschland mat Polen ze dinn.