EgyptAir Vol MS804Enquêteurë fanne weider Blackbox

Hei soll et sech em dee wichtegsten Deel handelen deen all technesch Donnéë vun der Maschinn späichert.

Leschten Update: 20.06.2016, 04:55:59

© HO / EGYPTIAN MILITARY SPOKESPERSON'S FACEBOOK PAGE / AFP

E puer Wochen nom Crash vun der vermësster EgyptAir Maschinn (Vol MS804( hunn Enquêteuren déi zweet Blackbox aus dem Mëttelmier gebuergen. 

De Flight Data Recorder gouf dobäi erëmfonnt, dee wichtegsten Deel, deen d'Memoire mat den techneschen Donnéë vum Apparat dréit.

Beim Ongléck koume virun engem Mount 66 Mënschen ëm d'Liewen.