
An der Stad hat sech en Donneschden Owend en Zeie bei der Police gemellt fir en Abroch matzedeelen deen sech viru sengen Aen ofgespillt hat.
Nodeems di 2 Onéierlech d'Wunneng verlooss haten an de Mann d’Beschreiwung vun de Persounen un d'Police weiderginn hat, huet et och net laang gedauert bis eng Patrulle d’Männer an der "Rue de Semois" ugetraff hat.
Beim Duerchsiche vun den Onéierlechen hat een dunn e puer Iesswueren, dorënner gefruere Fleesch a Wäi fonnt.
De Parquet huet d'Festnahm ordonnéiert. Béid ginn e Freiden dem Untersuchungsriichter virgefouert.