
© rtl.lu/afp
Mat Spuenien konnt sech déi 3. Equipe no Italien a Frankräich fréizäiteg fir d'Aachtelsfinallen qualifizéieren. Den Titelverdeedeger huet kloer 3-0 géint d'Tierkei gewonnen.
Virdrun gouf et tëscht Tschechien an Kroatien en 2-2 gläich. Dee Match hat an der Schlussphase missten ënnerbrach ginn, well kroatesch Hooligans Knupperten an Bengalo'en op den Terrain geschoss hunn. Eréischt wéi alles aus war, an de Block vun de Kroaten geraumt gouf, konnt et weider goen.
Um Samschdeg sinn nees 3 Partien.
Um 15h00 spillt d'Belsch géint Irland. Um 18h'00 ass et de Match Island géint Ungarn an den Owend um 21h00 trëfft Portugal op Éisterräich.
