1124 Accidenter, 5 Blesséierter

Op Esch, Nidderkäerjeng an 2 mol op Diddeleng goufen d'Rettungsdéngschter vun e Samschden op e Sonnde geruff.

Leschten Update: 20.06.2016, 13:58:53

© eldoradio

Den 112 mellt 4 Accidenter vun e Samschden oip e Sonnden. Eemol géint 19h30 e Samschden Owend zu Esch um Boulevard Kennedy wou eng Persoun vun engem Auto ugestouss gouf.

Zu Diddeleng bei der Kierch war géint 21h00 en Motosfuerer mat sengem Gefier gefall. 

Méi spéit an der Nuecht géint 2h00 huet dunn en Auto zu Diddeleng an der Lëtzebuerger Strooss gebrannt. Hei gouf kee blesséiert.

Géint 3h30 kruten sech dunn na 2 Autoen op der Collectrice Richtung Péiteng ze paken. Hei goufen 3 Persoune blesséiert; iwwert den Zoustand vun de Leit ass näischt gewosst.