
© FRANCISCO LEONG / AFP
An der EM Partie Portugal géint Éisträich konnt sech kee vu béiden duerchsetzen. Den Christiano Ronaldo a seng Ekipp trennen sech hei 0:0. Dat no engem ratéierten 11 Meter vum portugiseschen Futtballstar an der 78. Minutt.
Island trennt sech och 1:1 gläich mat Ungarn an d'Belsch gewënnt souverän 3:0 géint Irland.
E Sonnden stinn dann d'Matcher aus dem Grupp A un. Bis ewell huet sech Frankräich jo schonn konnte fir d'Aachtelsfinallen qualifizéieren. D'Schwäiz trefft um 21h00 op de Gastgeber zu Lille an zäitgläich gëtt zu Lyon d'Partie tëscht Rumänien an Albanien gespillt.