Lausdueren-HengeschtAschoss-Lächer a Stroosseschëld, Zeienopruff

Enger Policepatrull ass an der Nuecht op e Méindeg ee gielt Stroosseschëld opgefall, dat direkt e puer Aschoss-Lächer hat. D'Police sicht elo no Zeien.

Leschten Update: 27.09.2016, 17:26:19

© Police Grand-Ducale

D’Police gouf an der Nuecht op e Méindeg tëscht Lausdueren an Hengescht op der N7, op ee gielt Stroosseschëld opmierksam dat e puer Aschoss-Lächer hat.

Dem Aschoss-Muster no kéint et sech bei der benotzter Waff ëm eng Flënt handelen.

D'Police sicht elo no Zeien, deene Schëss oder opfälleg Geräischer an der Géigend opgefall sinn. All Informatioun ass fir den 113 oder fir d'Police vun Ëlwen (Telefon 2449-7500).

© Police Grand-Ducale