Areler StroossGréisser Alkoholkontroll um Donneschden

35 Leit goufe kontrolléiert, 2 goufe protokolléiert. Een dovunner hat ze déif an d'Glas gekuckt.

Leschten Update: 30.09.2016, 10:28:11

© eldoradio

Wéi d’Police matdeelt gouf et haut an de fréie Mueresstonnen eng gréisser Alkoholkontroll ab der Areler Strooss zu Stroossen. Am ganze goufen hei 35 Automobiliste kontrolléiert, an zwee Fäll huet misste protokolléiert ginn. 


Eng Automobilistin war mat 87 Stonnekilometer ënnerwee amplaz den erlaabte 50. Dann hat e weidere Chauffeur 73 drop. Dobäi koum allerdéngs nach, dass dësen ënner Alkoholafloss stoung.