
© afp
6te Spilldag an der däitscher Fussball-Bundesliga.
Den 1. FC Köln huet um Samschdeg bei Bayern München 1-1 gläich gespillt.
Darmstadt a Bremen trennen sech 2-2.
Freiburg gewënnt 1-0 doheem géint Frankfurt.
Hertha Berlin klappt den HSV 2-0.
An Ingolstadt verléiert doheem 1-2 géint Hoffenheim.
Um Freideg hat Leipzig jo schonn 2-1 géint Augsburg gewonnen.
Um 18h30 trëfft Leverkusen nach op Dortmund.
An der Tabell bleiwen d'Bayern mat 16 Punkten virop, virun Berlin mat 13 Punkten a Köln, Leipzig an Dortmund mat 12.