Autobomm zu BiergemGroussasaz zu Diddeleng steet am Zesummenhang mat Explosioun

De Groussasaz e Samschden Nomëtteg zu Diddeleng stoung am Zesummenhang mat der Explosioun vun engem Auto zu Biergem, dat mellt d'Police e Samschden Owend.

Leschten Update: 03.10.2016, 13:56:49

© RTL/Domingos Oliveira

E Samschde Muere war jo géint 9h40 en Auto an der Afahrt vun engem Eefamilljenhaus am Stee Wee zu Biergem explodéiert. Dobäi souz eng Persoun am Won, déi schwéier blesséiert gouf an direkt an d'Spidol koum.

De Parquet huet d’Police judiciaire mam Fall chargéiert an déi haten schonn am Nomëtten eng verdächteg Persoun interpelléiert.

Géint 16h50 koum et dunn zu engem Groussasaz zu Diddeleng. D’Awunner vu siwen Haiser an der Foxenhiel goufen evakuéiert an an e Pompjeesbau op Diddeleng bruet. Kuerz drop gouf eng Wunneng um Rez-de-Chaussée an der Strooss duerchsicht. Am Asaz waren d'Spuresécherung, den Demineur an eng Hondsstaffel. Ob een Sprengstoff fonnt huet gouf net konfirméiert.

D'Stater Geriicht beschäftegt sech mam Fall. Wéi et heescht wier och en terroristeschen Hannergrond auszeschléisse villes deit op ee Familljesträit hin.