TréierPolice test den Asaz vun Elektroschock-Pistoulen

Zu Tréier ginn 84 Polizisten demnächst fir den Asaz mat sou genannten Taser ausgebilt. Ee Joer laang ginn dann Erfarungen gesammelt.

Leschten Update: 08.10.2016, 10:21:03

© AFP/Stephane Danna

D’Police vun Tréier test vum nächste Joer un déi ëmstridden Elektroschock-Pistoulen.

84 Poliziste solle virum Asaz mat den Taser ausgebilt ginn. Duerno ginn dann ee Joer laang Erfarunge gesammelt.

De Pilotprojet gëtt wëssenschaftlech begleet.

An enger éischter Phase solle bis zu 7 Taser agesat ginn.

Verschidden däitsch Politiker gesinn an den Taser eng Chance eng Alternative zu der Schosswaff ze hunn, wann Polizisten attackéiert ginn.